Joseph Hooton Taylor Jr. | |
---|---|
Gebuer |
29. Mäerz 1941 Philadelphia |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, University of Massachusetts Amherst |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society |
Den Joseph Hooton Taylor Jr., gebuer den 29. Mäerz 1941 zu Philadelphia, ass een US-amerikaneschen Astrophysiker. Hie léiert op der Princeton Universitéit.
Den Taylor krut 1993 zesumme mat dem Russell Hulse den Nobelpräis fir Physik, fir d'Entdeckung vum Pulsar PSR 1913+16 an engem Duebelstäresystem. Duerch dee Pulsar konnt fir d'éischt den Energieverloscht duerch Gravitatiounswelle vermooss, an déi entspriechend Viraussoe vun der Allgemenger Relativitéitstheorie bestätegt ginn.